Medernach, décembre 2019
Léif Dammen, léif Hären,
Wéi Dir et sécherlech selwer bei Ären eegenen Deplacementer mierkt, ass Lëtzebuerg de Moment mat engem Verkéiersproblem konfrontéiert deen ëmmer méi grouss gëtt. Déi lescht Woche si Stauen op eise Stroossen um deegleche Programm.
Als gesellschaftlech responsabel Entreprise si mir verflicht fir Mesuren ze huelen, déi eng Verschlechterung souwuel um sozialen wéi och um ekologeschen an ekonomeschen Niveau evitéieren.
Fir eis Mataarbechter, déi haaptsächlech am Norde vum Land wunnen, a fir eis Societéit, déi am Zentrum Nord-Oste läit, géife mir eis gär vun elo un op eng regional Clientèle konzentréieren. D’Haaptargumenter, déi eis zu dëser Iwwerleeung bruecht hu sinn :
- Zäitgewënn fir eis Mataarbechter op de Chantieren wa si sech deplacéieren, och fir hinnen eng adequat Liewensqualitéit ze assuréieren
- manner Risk fir Autosaccidenter
- evitéieren, datt eis Gefierer zu de Stauen am Süde vum Land bäidroen, fir esou net zu der Ëmweltverschmotzung, déi dat mat sech bréngt, bäizedroen
- verhënneren, datt déi Zäit, déi duerch wäit a laang Deplacementer verluer geet, zu enger konstanter Evolutioun vun de Präisser um Marché bäidréit
Dowéinst gesi mir eis gezwonge fir keng Aarbechten an enger Zon am Süde vum Land méi unzehuelen. An dëser Zon si folgend Gemengen :
{modal image="images/rbettendorf/rbet_files/RBettendorf---Carte-Luxembourg.jpg"}

{/modal}
Mir soen Iech am Viraus villmools Merci fir Äert Versteesdemech fir dës Aschränkung vun eisem Aktiounsfeld a verbleiwe mat beschte Gréiss
D’Direktioun vu Renovation P. Bettendorf s.à r.l.